Saarbrécken

Saarbrécken ass d’ Haaptstad, Universitéitsstad an den Zentrum vum Saarland (Däitschland). Et leit ongeféier 100 Km (eng Auto Stonn) vun Lëtzebuerg un der Autobunn A8 Richtung Süd-Osten an Däitschland, direkt un der franséischer Grenz. D’ Stad selwer huet eng Fläch vun 167 km² an zielt iwwer 176.000 Awunner. Wéinst der Noperschaft zu Frankräich gëtt zu Saarbrécken och relativ vill franséisch geschwat.

Un Unien an Héichschoulen ginn et zu Saarbrécken ënner anerem d´Universität des Saarlandes (UdS), Hochschule der Bildenden Künste Saar (HBK), Hochschule für Technik und Wirtschaft des Saarlandes (HTW), Deutsch-Französische Hochschule, Hochschule für Musik Saar (HfM), Fachhochschule für Bergbau, Fachhochschule für Verwaltung des Saarlandes (FHSV), Katholische Hochschule für Soziale Arbeit, mee och Fuerschungszentren wéi d´Leibniz-Institut für Neue Materialien (INM), Max-Planck-Institut für Informatik, Max-Planck-Institut für Softwaresysteme, Fraunhofer-Institut für Zerstörungsfreie Prüfverfahren (IZFP), Deutsches Forschungszentrum für Künstliche Intelligenz an d´Korean Institute of Science and Technology.

Saarbrécken bidd ausserdem eng ganz Partie flott Attraktiounen wéi zum Beispill d’ Schlass, d’ Kasematten, den „Deutsch-Französischen-Garten“, den St-Johanner Markt mat senge Caféen an Restauranten an villes méi. Ausserdem ass d´Weltkulturerbe „Völklinger Hütte“ net weit weg.