De Cercle “Lëtzebuerger Studenten zu Saarbrécken“ , kuerz LSS, ass 1984 gegrënnt ginn an ass e Veräin ouni politesch, réligiéis oder ökonomesch Zwecker. Hei regroupéieren sech all di lëtzebuerger Studenten, déi fir méi oder manner laang Zäit zu Saarbrécken studéieren, egal op nëmmen e Semester oder fir de ganze Studium. Schon deemools war et d’ Ziel vum Cercle, fir de lëtzebuerger Studenten d’ Méiglechkeet ze ginn, niewent dem Studium an hirer Fräizäit eppes mat Kollegen zu Saarbrécken ze ënnerhuelen an et deenen neie Studenten méi einfach ze maachen nei Leit kennen ze léieren. Dorun huet sech bis haut näischt geännert. Wéi all di aner lëtzebuerger Cerclen och, si mir als LSS Member vun der ACEL (Association des Cercles d´Étudiants Luxembourgeois). Eise Logo, de Léiw mat der Magisterkap um Béierfaass a mat der Eil, symboliséiert engersäits de roude Léiw (d’ Lëtzebuerger) als Student (Magisterkap) an d’ Wäisheet (Eil), an anerersäits de Studentefolklor (Béierfaass). Kruten fréier d’ Memberen vum Cercle regelméisseg di intern Zeitung „Nuetseil“ geschéckt, sou leeft haut alles iwwert eisen Internetsite www.lss.lu a Facebook. Ausserdeem kritt all Member iwwer den LSS-Newsletter Neiegkeeten per E-mail geschéckt; fir dësen Newsletter kann een sech och ganz einfach op eiser Homepage beim Kontaktformular umellen.
Zu Saarbrécken sinn haut ëm di 150 lëtzebuerger Studenten op deenen eenzelnen Unien an Héichschoulen ageschriwwen. Eng Memberskaart beim LSS kascht 5 Euro d’ Semester, mat dëser Kaart ginn et Reduktiounen bei eisen Aktivitéite wéi z.B. beim Bowling oder am Calypso, wann mir eng Aktivitéit mat engem anere Cercle hunn, op eisen T-Shirten, heiansdo Fräibéier a.s.w. Ausserdeem gitt der iwwer de Newsletter ëmmer di neisten Aktivitéiten gewuer.
Während dem Joer bestinn d’ Haaptaktivitéiten vum LSS haaptsächlech am Bowlingtournoi all Semester, der Stee an der Daf vun den neie Memberen, Summercup wéi och den Tournoi de Noël vun der ACEL, eisem Bal souwéi och dem ACELs-Studentebal, der REEL, a.s.w. ...
Während dem Semester ass bal all Mëttwochs Owes „lëtzebuerger Owend“ wou mer eis an engem Café treffen, fir e gemittlecht Glas ze drénken, Fussball ze kucken an bei gudder Stëmmung iwwert all Méigleches ze schwätzen oder op eng vun eisen Aktivitéiten ze goen. All nei Studenten, wéi och aler, sinn hei häerzlech wëllkomm! Desweideren treffe mer eis och oft Dënschdes Owes am Manhattan (um St. Johanner Markt, Türkenstr. 1, nieft der Kartoffel). Oft gi mer och Méindes an di verschidde kleng Restauranten duerch Saarbrécken mam LSS iessen. Einfach am Kalenner op lss.lu nokucken, nofroen an dohi kommen.